Kinesitherapeute (m/w/d)
20-40 Stonnen/Woch als Independant
ab September/Oktober 2023
De Centre thérapeutique Wagner zu Niederanven a Kooperatioun mat Annen-Vital (Kinésithérapie à domicile) zu Mertert sicht e Kinesitherapeute fir eis multidisziplinär Ekipp ze ergänzen.
Dei Profil:
-
Du hues an dengem Beruff en Diplom deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass an dir erlaabt déi Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben
-
Du schwätz déi dräi Landessproochen an Englesch
-
Du hues vill Empathie a Gedold fir d'Patienten
-
Du schaffs autonom mat engem gudden Ekippegeescht
-
Du bass soignéiert, lees vill Wäert op Hygiène, bass gutt organiséiert an de "code de déontologie" läit dir um Häerz
-
Du hues de Permis B, en eegenen Auto an hues Loscht och d'Leit doheem ze behandelen
Eise Profil:
-
Mir bidden eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Ekipp
-
D'Wuelbefanne vun eise Patienten an den therapeuteschen Erfolleg steet bäi eis op éischter Plaz
-
An der Mëtt vun eisen Therapeute steet eis Sekretärin, déi den Telefon mëscht, d'Agendae geréiert, sech em d'Prise en charge mat der CNS këmmert, sech em de Courrier këmmert an iech och soss gären hëlleft
-
Mir stellen eng hygienesch propper an optesch uspriechend Aarbechtsplaz zur Verfügung
Bäi Interessi schéck w.e.g. däi CV an eng lettre de motivation un eis E-Mailsadress:
info@therapiepraxis.lu