Chiropraxie

Waat soll ee wëssen?
Douce a sëcher
Déi amerikanesch Chiropraktik ass eng douce manuell Method, mat der Blockaden an der Wirbelsail an an anere Gelenker geléist ginn. Feelfunktioune gi mat kontrolléierten a gezielten Drockimpulser op den entspriechende Plaze vun der Wirbelsail korrigéiert. Déi nerval Versuergung gëtt assuréiert, d'Gelenker ginn an hier natierlech anatomesch Positioun bruecht.
Dir braucht net bäi en Dokter ze goen éier dir bäi en Chiropraktiker gitt. De Chiropraktiker huet dei néideg Kompetenzen fir kennen ze entscheeden ob déi Persoun, déi si consultéiert an hiren Problem a säi Beräich fält.
​​​
Wann dir méi Informatiounen iwert d'Chiropraxie wëllt, consultéiert wannëschgelift den Internetsite vun Chiroletzebuerg https://chiropractic-association.lu/ oder rufft an der Praxis un.

