Remboursement CNS

Brengt bäi der éischter Seance är Ordonnance mat. Heibäi musst dir wëssen, dass eng Ordonnance fir Kinesitherapie nëmmen während 30 Deg ab dem Datum op der Ordonnance gülteg as. Wann dir se no deenen 30 Deeg ärem Kine gid, kann hien dës nët mei op d'CNS aschecken, well se automatesch refuséiert gët.​ 

 

Säit 2017 as den Tiers-Payant an der Kinesitherapie obligatoresch. Daat heescht den Kinesitherapeut scheckt är Ordonnance online op d'CNS an, an kritt dann ob dësem Wee och matgedeelt, ob se accordeiert as oder net. No Oofschloss vun ären Seancen gët deen Deel deen d'CNS rembourséiert direkt un d' CNS facturéiert an dir kritt just nach eng Rechnung fir ären Eejenundeel. Dest heescht awer nët, dass de Kine responsable as fir de Remboursement vun der CNS. All Seance dei äus irgentengem Grond net vun der CNS bezuelt gett, muss vum Patient iwerholl gin.